Stärerallye 14

D’ Fondatioun Wonschstär ass houfreg Iech déi éischt Editioun vun hirem Stärerallye ze presentéieren. No engem gudde Kaffi um Golf um Sennengerbierg ass et lass gaangen fir déi 39 Autoen respektiv 80 Leit, déi deelgeholl hunn. Leider hate mir moies kee gutt Wieder, mä dat huet eisen dapere Participanten näischt ausgemaach a si hu sech duerch de ville Ree gekämpft.

De Wee huet si bis héich an de Norden vun eisem Land gefouert, am Château d’Urspelt huet een agreabele Buffet si erwaart. No dëser klenger Stäerkung ass et erëm ëmmer méi Richtung Süde gaangen. Owes, fir den Ofschloss vun dësem flotten Dag ze feieren, hu mir äis et mat enger Choucroute bei Kaempff & Kohler gutt schmaache gelooss.

Mir soen den Participanten vun Häerze villmools Merci. Ouni Iech wier dëse Rallye net méiglech gewiescht. Mir hoffen et huet jidderengem Spaass gemaach a wënschen datt Dir d’nächst Joer erëm dobäi sidd.