Spicy 3

D’Madamm Danielle Schreiber huet virun enger Zäit e Been amputéiert kritt an wollt sech erëm sportlech betätegen. Mir, a Persoun vun eiser Presidentin dem Viviane Vermeer an dem Celia Deschamps, hu si ënnerstëtzt beim Spicy 3, engem Triathlon fir Leit mat Behënnerung an der Belsche, deelzehuelen. Virdrun hu mir an Zesummenhang mam Grupp Back to sport vum Rehazenter mat hier trainéiert sou dass si fir déi Erausfuerderung preparéiert ass. Um Dag vum Triathlon hunn eis Vertrieder et no ustrengenden Stonnen an vill Geschwees bis an Zil gepackt.

Mir si richteg stolz op déi 3 an hier iwwerzeegend Leeschtung.