Melvin

De Meris a säi klenge Brudder de Melvin hu schonn sou munches mat gemaach an hirem Liewen.

Nodeems d’Kannerklinik eis ugeschriwwen an eis vum Melvin sengem ganz grousse Wonsch erzielt huet, ware mir eis schnell eenz fir him ze hëllefen.

Säi Wonsch? Eemol e Cargolux Fliger vu ganz no ze inspizéieren!

Doropshin hu mir direkt mat der Cargolux Kontakt opgeholl a mir kruten och ganz schnell eng positiv Äntwert inklusiv Invitatioun fir de Melvin.

Lescht Woch fir dem Melvin säi Gebuertsdag war et souwäit an déi zwee Bridder hunn sech op de Wee gemaach a goufe bei der Cargolux mat oppenen Hänn empfaangen. Iwwer déi ganz Visite huet sech d’Personal immens vill Zäit geholl an hinnen alles erkläert a gewisen.

De Meris a ganz besonnesch de Melvin ware begeeschtert a konnten dëse besonneschen Dag genéissen. Am Meris senge Wieder: « Et war eng mega schéin a cool Erfarung fir de Melvin heen ass och mega frou dass dat fir säi Gebuertsdag geklappt huet. Iech an dem ganzen Team ee merci nach eng Kéier.«

E grousse Merci un d’Cargolux an hiert Personal fir dee flotte Gebuertsdagscadeau.