Maxence

Eemol e Concert vu senger Liblingssängerin live gesinn an se duerno kuerz treffen, dëst ass a bléift fir vill Läit e grousse Wonsch. Fir de Maxence ass dee Wonsch viru kuerzem an Erfëllung gaangen!

Duerch d’Hëllef vum Här Jean Müller war et eis méiglech dem Maxence e Meet and Greet Ticket fir de Concert vum Louane an der Abbaye de Neumünster ze organiséieren.

De Maxence war méi wéi begeeschtert an huet sech de ganze Concert iwwer gutt ameséiert. De Concert war awer op deem Dag nëmmen Niewesaach well näischt konnt mat deem onvergiessleche Moment mathale wou hien d’Louane getraff huet an et an den Aarm geholl huet.

Mir freeën eis fir de Maxence a wëllen dem Här Jean Müller nach emol Merci soe fir dee schéine Geste.