Lyo 2

Virun e puer Joer huet sech de Lyo nach gewënscht an de kalen Norden ze goen an elo huet hien eis gefrot fir him bei enger klenger Rees Richtung Süden ze hëllefen.

Dës Rees war awer nët nëmmen en Ausflug an d’Sonn, mee wéi och schonn epuer aner Kanner, wollt hien emol un enger Delfintherapie deel huelen.

Eis Ekipp vum Wonschstär huet sech direkt un d’Aarbecht gemaach fir dem Lyo dëse Wonsch ze erfëllen. E bëssen Organisatioun lénks a riets a schonns sutz de Lyo am Fliger Richtung Sonn.

D’Ekipp vum Dolphintherapy Land an der Tierkei huet sech em de Lyo zu all Moment gutt bekëmmert an him iwwert e puer Deeg e flotte Program gebueden. De Lyo huet sech, wéi een op de Biller erkenne kann, ganz gutt mat den Delfinen amüséiert. Vu senger Zäit am Waasser an och u Land konnt hien immens profitéieren.

Mir si frou, dass mir dem Lyo a senger Mamm dës Geleeënheet konnte bidden a soen all eisen Donateuren e grousse Merci.