Lara a Morgane

No hire leschten Delfintherapië waren d‘Lara, d‘Morgane an hir Elteren esou begeeschtert, dass si ons gefrot hunn ob mir hinnen eng weider Kéier hëllefe kënnen.

Mir hunn eis no de Gespréicher mat den Elteren entscheet dës Wënsch ze erfëllen an doropshin hunn si sech zesummen op de Wee an d‘Tierkei gemaach.

Dës Kéier waren si zwou Wochen do ënnen a hu praktesch all Minutt vun den Therapië profitéiert, sief dat am Baseng, am Mier oder op der Plage. Awer och an hirer Fräizäit, wou emol keng Therapie um Programm stoung, huet des Aventure hinne béid méi wéi gutt gedoe.

Natierlech bleift den Highlight vun den Deeg ëmmer nach d‘Zäit mat den Delfinen am Waasser a fir dës onvergiesslech Momenter wëlle mir all eisen Donateuren dobaussen e ganz grousse Merci soen.

E ganz besonnesche Merci geet dobäi un de „mobilen Handwierker“ deen eis beim Lara senger Delfintherapie ënnerstëtzt huet.