Korsika

De Summer ass bekanntlech Vakanzenzäit an déi schéinste Period fir ze reesen.

Dovu wollten och e ganze Grupp Kanner aus dem Kannerhaus Jonglënster profitéieren a sech op d‘Rees an de Süde maachen. 

Vill Destinatiounen um Mëttelmier waren an der Verlousung an no laangem Brainstorming hunn si sech, zesumme mat hire Betreien, déi wonnerschéi franséisch Insel Korsika ausgesicht.

Eis Ekipp huet vill lénks a riets organiséiert a mat engem flotten Haus hu mir och de perfekten Openthalt fir dee ganzen Trapp fonnt. Alles war prett a viru kuerzem hunn si sech mam Fliger op de Wee gemaach an no puer Stonnen si si alleguer gutt am Haus ukomm.

Fir vill vun hinne war dës Vakanz déi éischt richteg a bei perfektem Wieder konnten si dee mediterranesche Flair sou richteg genéissen. Och allerlee spannend Aktivitéite stoungen déi ganz Deeg op hirem Programm an hunn hir Rees zu engem onvergiesslechen Erliefnis gemaach.

Mir si frou hinnen dës Momenter erméiglecht ze hunn a soen der Table ronde an hirem Duck Race villmools Merci, dass si eis dobäi gehollef hunn.