Kick it for Wonschstär 17

Mir sinn och dëst Joer erëm frou Iech vun der drëtter Editioun vum Kick it for Wonschstär erzielen ze kënnen. Déi lescht zwee Joren hate mir Dammen- esou wei Hären-Equippen, dëst Joer waren et leider nëmme 24 Härenekippen. E puer Dammen hu sech ënnert d’Häre gemëscht, well se sech dat net entgoe loosse wollten. Ronn 200 Sportler hu sech de 25. Juni zu Bous bei Réimech zesumme fonnt fir deem ronne Lieder hannendrun ze lafen. Dëst Joer war d’Wieder perfekt a mir konnten déi flott Ambiance genéissen.

No bal aacht Stonne stoung dann och eise Gewënner fest. An enger spannender Final konnt sech den Nike FC géint DS Gehir mat 3:2 behaapten a sech d’Kroun opsetzen.

Mir kënnen als Fondatioun een absolut positive Bilan zéien a wäerten och an Zukunft de Kick it als Event bäibehalen. Mir sinn immens frou esou vill Ënnerstëtzung vun dobaussen, sief dat vun Ekippen, Benevollen an och Sponsoren ze kréien. Dofir soe mir Iech villmools Merci an hoffen et huet jidderengem, dee bedeelegt war, genau esou vill Spaass gemaach wéi eis.Mir freeën eis Iech d’nächst Joer erëm begréissen ze kënnen a wënschen all de Spiller, déi dës Editioun manner gutt iwwerstanen hunn, eng gutt a schnell Besserung.

Fotoe fannt dir ënnert eise Sponsoren.