Clément

Esou wéi lescht Joer war de Spektakel „Les enfoirés » zu Bordeaux séier ausverkaf. Nodeems mir 2023 keng Chance haaten, ass et eis dëst Joer glécklecherweis gelongen Ticketen ze kréien.

Endlech war et eis méiglech dem Clément säi Wonsch ze erfëllen an him eng ganz grouss Freed ze maachen. 

Zesumme mat sengen Elteren huet hien sech dunn op de Wee op Bordeaux gemaach an all Moment vun dëser mega Show genoss.

Duerch seng rar Krankheet kann de Clément net schwätzen a muss mat Hëllef vun enger spezieller Tablet kommunizéieren. Hien huet awer en absolut gutt Gehéier an doduerch eng grouss Léift fir d’Musek entwéckelt. De Clément ka souguer e Lidd nospille soubal hien et e puer mol gelauschtert huet.

Mir sinn houfreg, dass him dëse Wonsch erfëlle konnten a soen Iech alleguer villmools Merci.