Cara

D‘Cara, 13 Joer, huet säit sengem 4. Liewensjoer schonn e schwéiere Leidenswee hannert sech. Knachekribs, vill Operatiounen, Chemotherapien, Bestralungen, eng Longentransplantatioun …

Säi Wonsch: all déi schwéier Zäite vergiessen an emol bei der Sendung „The Voice Kids“ live am Publikum dobäi ze sinn! No all deenen haarde Momenter a Réckschléi war et fir eis eng Selbstverständlechkeet alles ze organiséieren an d‘Cara zesumme mat senger Mamm a senger Zwillingsschwëster op Berlin ze schécken. Hiren Openthalt vun e puer Deeg goufe mat der Visitt vun „The Voice Kids“ gekréint an hatt hat souguer e Meet & Greet mat de Juroren Nina Hagen, Sacha a Mark Forster!