Bruno

De Bruno huet 11 Joer a wunnt zesumme mat sengen 3 Geschwëster a senger elengerzéiender Mamm. Mir kruten eng Demande vum Bruno senger Assistante sociale, déi eis em Hëllef gefrot huet fir dem Bruno de Wonsch ze erfëllen mat senger Schoul a senge Klassekomeroden op de Schoulausfluch an d‘Skivakanz mat ze goen.

Dëst war bis elo net vum selwe méiglech well de Bruno a schwéiere Familljeverhältnisser opgewuess ass, déi him et finanziell duerch déi vill Ausgabe wei Rees an Schnéi gerecht Kleedung net erlabe mat ze fueren.

Dunn hu mir eis geduecht mir missten dem Bruno ënnert d‘Aerm gräifen an alles dofir maachen, dass de Bruno e puer schéin Erënnerungen a senger éischter Schivakanz sammele kann.

Zesumme mat senger Assistante sociale si mir mam Bruno an den Asport op Wickrange gefuer an hunn hien prett fir de Schnéi agekleet. An du konnt dem Bruno säin Abenteuer lass goen.

E grousse Merci un den Asport deen eis mat enger schéiner Remise ënnerstëtzt huet!