Alex

Den Alex ass 28 Joer an hien hat e schwéieren Accident mam Vëlo a senger Kandheet. Säit deem huet hien leider eng uerg Behënnerung behalen an ass am Alldag un e Rollstull ugewisen.

Säi grousse Wonsch war et bei der éischter Show vun der Blue Men Group hei zu Lëtzebuerg mat dobäi ze sinn. Leider waren d‘Plazen esou schnell fort an den Alex hat keng Méiglechkeet um offizielle Verkaf säin Ticket ze sécheren.

Nodeems seng Mamm eis geschriwwen huet, hu mir eis direkt un d‘Arbecht gemaach an den Organisateur Atelier kontaktéiert a versicht dem Alex nach eng Plaz ze organiséieren. Wou mir de Verantwortlechen vun eiser Fondatioun an dem Alex gezielt hunn, ware si direkt begeeschtert an hunn eis gehollef dem Alex säi Wonsch ze realiséieren! Sou konnt hien a seng Mamm e flotten Owend mat enger spektakulärer Show vun de Männer a bloer Faarf genéissen.

E grousse Merci un den Atelier a säi Staff!