Ajla Delphintherapie

Nom Lara a Morgane war et dunn och um Ajla fir mat senger Famill bis an d’Tierkei ze reesen. Fir si alleguer war dëst e ganz grousse Wonsch well esou eng Delfintherapie sech beim Ajla senger Krankheet als Plus value bewisen huet.

Fir d’Ajla war dës Therapie eng komplett nei Erfahrung, an hatt wosst net sou richteg wat op hatt waarde geing. Nodeems hatt sech am Ufank sécherlech e bëssen Gedanke gemaach huet, ass dës Angscht awer schnell verflunn an d’Ajla huet seng Zäit mat den Delphine genoss.

Wéi och schonn emmer bei deenen aneren stung bei him och ausserhalb vum Baseng iwwert den ganzen Openthalt e flott Aktivitéiten mat Kiné an Therapie am Mier um Programm.

Trotzdem ass dem Ajla a senger Famill nach genug Fräizäit bliwwen fir e bësse Vakanz ze maachen.

E grousse Merci u jiddereen deen hinnen des Chance erméiglecht huet.