Gamma

E weidere ganz interessante Wonsch hu mir vun de Scoute vu Gamma Lëtzebuerg era kritt.

Hei handelt et sech net em gewéinlech Scoute, mee em e besonnesche Grupp. Bei Gamma Lëtzebuerg sinn nämlech nëmmen Scoute mat enger geeschteger oder kierperlecher Beeinträchtegung aktiv.

D’Zil vu Gamma Lëtzebuerg ass et dës Mënsch duerch de Scoutismus aus hirem Isolement eraus ze huelenl an an eng grouss Famill wéi d’Scouten ze integréieren. Et ass et flott ze gesi, wéi si mat Freed a Begeeschterung Scoutissem machen. D’Geleeënheet eppes selwer ze machen hëlleft hinnen iwwert sech eraus ze wuessen an u sech ze gleewen, trotz hirer Behënnerung.

Am Géijesaz zu anere Scoutsgruppe gesi si sech net all Woch, mee dofir maache si all 5-6 Wochen e flotten Ausflug vun 1-2 Deeg. An hei ass et och wou de Wonschstär an d’Spill komm ass.

No enger Ufro hu mir em déi 44 Memberen e flotte Weekend zu Beefort an der Jugendherberg offréiert. Vu Freides Owes un bis Sonndes Nomëtteg huet op si e flotte Programm gewaart. Niewt ville schéinen Aktivitéiten op der Plaz, hu si Samsdes gemeinsam ee flotten Dag zu Gondorf am Eifelpark verbruecht.

Ee grousse Merci un d’Famill vum Max, déi mam Don vun hirem verstuerwen Jong dozou beigedroen hunn, dass dëse Projet konnt realiséiert ginn.