Tania

D‘Tania huet eis kontaktéiert an eis vun sengem Wonsch erzielt en Assistenzhond ze kréien. Am jonken Alter vu 27 Joer huet hatt mat engem AVC en éischte schwéiere Schicksalsschlag krut.

No dësem Moment huet sech säi Liewen sou wéi och dat vun senger ganzer Famill op tragesch Aart a Weis enorm verännert. Mëttlerweil ass d’Tania Mamm vu 5 Kanner wat dat ganzt natierlech a ville Situatioun net méi einfach mëscht.

Onglécklecherweis ass et beim Tania awer net bei engem Schicksalsschlag bliwwen an hatt ass och nach un enger degenerativer Krankheet erkrankt. Aus dësem Grond huet säi Mann virun net all ze laanger Zäit säin Job gekënnegt mam Zil sech voll a ganz em seng Fra ze këmmeren.

No all deene Réckschléi well d’Tania weider kämpfen a seng Famill entlaaschte wou et nëmme kann. An elo kënnt och säi Wonsch den Assistenzhond an d‘Spill, deen him op sengem weidere Wee am Alldag eng nëtzlech Hëllef soll sinn. Dohier huet hatt de Wonschstär gefrot ob et eng Méiglechkeet géing ginn sengem Hond Abby esou eng Ausbildung als Assistenzhond ze finanzéieren.

Méi wéi gäre si mir dem Tania entgéint komm fir him säi Wonsch ze erfëllen. Mat der Associatioun Helping Paws hu mir och de richtege Partner fonnt fir dës Missioun unzegoen a säit enger Zäitchen ass d‘Abby am Training a léiert wéi et d’Tania am Alldag am beschte kann ënnerstëtzen.

Mir soe jidderengem Villmools Merci deen dem Tania säi Wonsch ënnerstëtzt.