Liam

Mir erzielen Iech vun engem Wonsch dee mir scho viru ganz laangem era kritt hunn, mee deen immens vill Zäit an Organisatioun an Usproch geholl huet.

Eng schwéier Behënnerung mëscht dem klenge Liam säi Liewe vu Gebuert un immens schwéier. Zesumme mat senger Famill versichen si all déi vill Hindernisser am Alldag sou gutt se kënnen ze iwwerwannen. 

Nodeems si sech no villen Iwwerleeungen entscheet hunn en Haus ze kafen, hunn si och eppes fonnt wat hire Critèrë gerecht gouf. Den eenzegen Nodeel war awer, dass d’Haus leider guer kee gudden Accès fir de Liam a säi Rollstull hat.

Haut si mir frou an houfreg Iech kënnen ze erzielen, dass mir gehollef hunn dëse Problem mat Hëllef vun engem Lift ze léisen. 

Esou hu mir dee finanziellen Deel iwwerholl, deen net vun der Assurance dependance iwwerholl ginn ass. Ab elo kann de Liam ganz einfach a säin neit Doheem eran a raus fueren.

Mir soen Iech alleguer Merci, dass dir dem Liam a senger Famill hiren Alldag e grousst Stéck méi einfach gemaach hutt.