Grassi

Wat gëtt et méi Schéines wéi e bësse Sonn tanken an Energie sammelen. Dëst war och de Wonsch vum Här Grassi aus dem Tricentenaire.

Zesumme mat weideren Persounen vum Grupp Tricentenaire hu si sech op de Wee an Andalusien gemaach wou si sech richteg erhuelen a profitéiere konnten.

Net nëmmen op der Plage a beim Mier hunn si sech wuel gefillt mee och deen een oder anere klengen Ausfluch an d’Stied stoung um Programm. Op zu Cadiz oder an de Stroosse vu Sevilla konnten si vill schéin a spannend Ecker entdecken.

Mir hoffen dass de ganze Grupp,a ganz besonnesch den Här Grassi op hirer Rees e ganze Koup flott Erënnerunge sammele konnt.