Mir goufe virun enger Zäit vun der Wunn- a Betreiungsstruktur « De Park Ettelbréck » kontaktéiert an em Hëllef gefrot.
Des wonnerbar Institutioun kemmert sech em Lait mat mentalem Handicap a gett hinnen am Alldag dat neidegt Encadrement. Hei liewe ganz ennerscheedlech Alterskategorien zesummen a vu ganz jonk bis an den heijen Alter ass alles dobai.
Och dem Wonschstär leit déi mental Gesondheet vun eiser Gesellschaft ganz vill um Häerz. Dofir ware mir direkt iwwerzeegt an hunn hinne verschidde Wënsch erfëllt.
Esou hu mir e ganze Grupp vun hinnen an d’Päerdstherapie geschéckt wou si zesumme mat de Päerd eng schéin Zäit verbréngen an u sech schaffe kënnen.
Dozou koum en Trampolin op deem sech déi ganz Bewunner vum Park ameséiere kënnen. Hei hoffe mir dass déi vill Beweegung hinne gutt doe wäert.
Och un déi Bewunner, déi eng méi schwéier Behënnerung hunn a wou net méi trëppele kënnen, hu mir geduecht. Hinnen hu mir mat engem speziell adaptéierte Vëlo e flotte Cadeau gemaach, mat deem si elo zesumme mat engem Betreier op d’Rull goe kënnen.
Mir soe jidderengem e grousse Merci, deen eis gehollef huet dëse flotte Projet ze ënnerstëtzen.