28-29.07 Wheelchair rugby Conter

x

Als groussen Ennerstetzer si mir och des Joer ërem doäi wann d'Sportler am Rollstull hierer Leidenschaft den 28 a 29ten Juli zu Contern an der Sportshal no ginn.

 

Kommt a besicht dës phenomenal Manifestatioun wou sech Sportler aus verschidde Länner op engem Rollstullrugby Tournoi iwwert de ganze Weekend moosse wärten.

 

Jiddereen ass méi wéi wëllkomm a muss och net mat engem eidele Bauch an deckem Honger Heem goen. Wéi déi lescht Joeren och huet d'Wheelchairrugby asbl e Grill- an Gedrénksstand wou dir secher op är Käschte komme wäert.

 

Mir freeën eis op äre Besuch.

x

x

x

x

x

x

Fondation Wonschstär

Evenementer

Fir Dreem kënnen ze erfëlle brauche mir natierlech e gewëssene Budget, dëse versiche mir ënner anerem duerch d'Organisatioun vun Evenementer oder d'Participatioun u Floumäert, Bazaren asw. opzefëllen.

 

Mir sinn ëmmer frou a bereet mat Leit Evenementer ze organiséieren. Wann Dir also eng Iddi huet dann zéckt net an erzielt eis vun ärer Iddi.

07.07 Kick-it for Wonschstär

Sou wéi déi lescht 2 Joer huet eise Benefiztournoi zu Bous/Remich um Terrain Jos Durbach seng Heemecht.

Details

28-29.07 Wheelchairrugby

Als groussen Ennerstetzer si mir och des Joer ërem doäi wann d'Sportler am Rollstull hierer Leidenschaft zu Contern no ginn.

Details

7+8.04.17

De Freideg 15. Dezember hu mir zesumme mat der Asbl De Leederwon e ganz besonnechen Event organiséiert. Duerch eis Kontakter haate mir déi grouss Chance den hollänesche Kabarettist Herman van Veen fir e Concert bei eis zu Lëtzebuerg kënnen ze begréissen.  Dëse Concert gouf am grousse Sall vum Conservatoire ofgehal a mir si stolz an dankbar, dass esou vill Läit sech et net entgoe loosse konnten bei desem flotte musikalesche Spektakel dobäi ze sin.

Den Herman a seng Artisten hu sech och net zwemol bieden geloos an hu vun Ufank un mat hierer Show de ganze Sal an hiere Bann gezunn. Hier ganz grouss musikalesch Kënscht zesumme mat dem Herman senge Witzer hu jidderee begeeschtert an d'Läit méi wéi nemmen ee mol zum Laache bruecht.

 

Mir soe jidderengem villmools Merci deen de Wee bis an de Conservatoire fonnt an mir hoffen, dass et Iech op manst sou gutt gefall huet wéi eis. Ganz besonneg bedanke mir eis och bei all eise ville Sponsoren déi eis ënnerstëtzt hunn an domat dëse flotte Concert méiglech gemaach hunn.

 

30.07-31.07.17

Elo scho fir déi drëtte Kéier hu sech e ganze Koup Sportler am Rollstull aus verschiede Länner hei zu Lëtzebuerg getraff fir hier Pneue quitschen ze loossen. Fir zweete Kéier war d'Hal zu Contern iwwert de Weekend ganz an der Hand vum Wheelchairrugby.

 

Et war wéi och schonn déi Joere fierdrun e grousse Plaiséier déi Motivatioun an Hingab vun den eenzelne Sportler ze gesinn.

Fotos

7+8.04.17

D’Fondatioun Wonschstär huet de Weekend vum 7. an 8. Abrëll op seng éischt Konschtausstellung an den Hotel Légère op Mënsbech agelueden. Déi zwee Deeg huet de Wonschstär de véier Kënschtler Snejana Granatkina, Eric Heimermann, Thibaut de Villèle an Tom Pauly d’Méiglechkeet ginn hir Wierker aus Fotografie a Molerei auszestellen.

 

Freides um Owend huet d’Presidentin Viviane Vermeer bei engem klenge Patt an e puer Schnittercher d’Konschtbegeeschtert, déi de Wee bis op Mënsbech fonnt hunn, begréisst an e puer Erklärungen zu der Fondatioun an de Kënschtler sou wéi hire Wierker ginn.

Samschdes hunn du weider Leit sech och bei wonnerschéinem Wieder dobaussen d’Geleeënheet net entgoe gelooss, d’Konschtwierker ze bestaunen an och dat eent oder anert Wierk mat Heem ze huelen. Alles an allem war et eng ganz positiv éischt Erfarung vir de Wonschstär a mir soe jidderengem Merci, deen d’Fondatioun an déi eenzel Kënschtler mat senger Präsenz appreciéiert huet.

01-02.08.16 Wheelchairrugby

Déi zweet Editioun vum Wheelchair Rugby Tournament war erëm e groussen Erfolleg. Mir si frou an houfreg och erëm dëst Joer dëst ganz speziellt sportlech Evenement gesponsert ze hunn. Sportler aus der Belsch, Däitschland an Holland hu sech zu Contern getraff fir d'Pneue vum Rollstull brennen ze loossen.

 

Et war wéi ëmmer spannend a bemierkenswäert wéi dës Sportler esou een Éiergäiz opbrénge fir hirem Sport nozegoen.

Fotos

11.12.15 Steven Pitman

Eisen Charity Dinner mam Steven Pitman am Domaine la forêt zu Réimech war vir all Bedeelegt e super Erliefnis. Mir si frou eise 75 Gäscht e grousse Spektakel presentéiert ze hunn. Mir soe jidderengem a ganz besonnesch dem Steven Pitman an dem Restaurateur Claude Wallerich een decke Merci.

Fotos

29.11.15 Concert

Eise Beneficeconcert vum 29. November an der Banque de Luxembourg war e ganz groussen Erfolleg. Mir soe jidderengem deen do war villmools Merci.

 

E ganz besonnesche Merci geet un déi véier Musekerinnen Annalena Castagna, Gaëlle Boqué, Gaëlle Vien a Valérie Knabe, déi eis Ouere musikalesch verwinnt hunn. Mir hoffen et huet all Mënsch esou vill Spaass gemaach wéi eis. Wann dir méi iwwert d'Musekerinne wësse wëllt kënnt dir op hir Websäit goen.

 

www.duomusicame.com

Fotos

Loading

© Fondation Wonschstär 2018

Fondation Wonschstär