Wëllkomm

Häerzlech wëllkomm bei der Fondatioun Wonschstär. Mir hunn eis zum Zil gesat, Mënschen ze hëllefen, deenen hiert alldeeglecht Liewen duerch Krankheeten, Accidenter oder Schicksalsschléi extrem belaascht ass. Eisem Grondgedanken no soll jiddereen d’Méiglechkeet hunn „seng Dreem ze verwierklechen“.

Leider sinn d’Viraussetzungen fir dëst universellt Recht net fir jidderee gläichermoossen erfëllt. Dofir probéiere mir déi Leit ze begleeden an ze ënnerstëtzen, déi – deelweis oder souguer scho ganz – de Glawen un hir eegen Ziler a Liewensdreem verluer hunn. Dofir, datt Dreem net nëmmen Dreem bleiwen, si schéin Erliefnesser an t’Perspektiv op eng besser Zukunft déi beschte Medezin fir neien Opdriff.

Eis Fondatioun wëll weisen, datt wann e wëll, een immens vill erreeche kann. Et soll een ni d’Hoffnung verléieren.

Wann Dir eis beim Erreeche vun eisen Ziler duerch e Benevolat ënnerstëtze wëllt, da kontaktéiert eis per E-mail. Wann Dir eis finanziell wëllt hëllefen, da kënnt dir dat duerch een Don op eise Bankkonto maachen.

Mir soen Iech villmools Merci a freeën eis op all Hëllef déi mir kréien.

Kiara

E Projet dee mir schonn iwwert Joeren ënnerstëtze, si Reittherapien fir Jugendlecher mat ganz ënnerscheedleche Geschichten. Bei esou enger Reittherapie léieren si, sou wéi hei um Beispill vum Kiara, mat de Päerd emzegoen, Verantwortung ze iwwerhuelen a sech em si ze...

Pasquale

Nach ee mol live am Stadion dobäi sinn wann de Lieblingsveräin spillt, dat war dem Pasquale säi grousse Wonsch! Zesumme mat senger Famill hu mir hien op Mailand geschéckt an him d’Méiglechkeet ginn am Giuseppe-Meazza seng "I Nerazzuri" ze ënnerstëtzen. Seng Ekipp huet...

CDM Äispist

De CDM ass firun enger Zäitchen mat enger flotter Demande un eis eru getrueden. Si haten déi schéin Idee mat engem Grupp Kanner am Rollstull op d‘Kockelscheier Schlittschong fueren ze goen. Esou e geniale Wonsch kënne mir natirlech nëmmen ënnerstëtzen an hunn eis...

Clément

Esou wéi lescht Joer war de Spektakel „Les enfoirés" zu Bordeaux séier ausverkaf. Nodeems mir 2023 keng Chance haaten, ass et eis dëst Joer glécklecherweis gelongen Ticketen ze kréien. Endlech war et eis méiglech dem Clément säi Wonsch ze erfëllen an him eng ganz...

Thomas

Den Thomas huet 56 Joer an ass duerch en Accident am Rollstull. Rezent haat hien nach emol immens vill Pech an et koum nach en AVC dobäi. Zesumme mat senger Partnerin hu si eis kontaktéiert an em Ënnerstëtzung gefrot fir sech mat engem elektreschen Rollstull fir all...

Altersheem

Kurz virun de Feierdeeg ware mir an 2 Altersheimer op Besuch an hunn 30 Pensionären, déi ganz seele Visite kréien, iwwerrascht. Et gouf eng kleng Feier fir si organiséiert an si hunn eis e bëssen iwwert hiren Alldag gezielt. Dobäi hu mir vun der Geleeënheet...

Wantermaart

Elo kuerz virun de Feierdeeg wëlle mir Iech vun engem klenge Wonsch erzielen, dee mir an de leschten Deeg erfëllt hunn. Zesumme mat 5 Gruppe Réfugiéskanner si mir an d’Stad op de Wantermaart gaangen wou si e puer flott Momenter erliewe konnten. Op um Karussell, op der...

Chrëschtdag 23

Dës Zäit ass jo dofir bekannt, dass ee soll nach méi un déi Läit denke soll deenen et net esou gutt geet. Dëse Message hu mir eis natirlech un d’Häerz geholl an hunn eng ganz Famill glécklech gemaach! Mir hunn eng élengerzeiend Mamm, déi Kriebs huet an Chimio kritt,...

Rigobert

Dem Rigobert hu mir an der Vergaangenheet schonn deen een oder anere Wonsch erfëllt. Duerch seng Ganzkierper Querschnittslähmung ass hien am Alldag net nemmen op eng mënschlech Betreiung ugewiesen mee hien brauch och bis elo e komplizéiert Aménagement fir mat sengem...

Carlos

De Wonschstär mëscht och vill fir de Sport am Rollstull ze förderen, well och an där Situatioun ass et wichteg weider aktiv ze bleiwen. De Carlos, dee mir schonn an der Vergangenheet ënnerstëtzt hunn, huet eis kontaktéiert fir him dobäi ze hëllefen säin neien Handbike...

Ënnerstëtzt och dir eis!

Sidd och dir begeeschtert vun eise Projete fir gouss a kleng, gidd gären ee vun eisen Ënnerstëtzer a sidd esou en Deel vum grousse Ganzen, dann kënnt dir d’Fondatioun Wonschstär ganz gären mat engem Don finanziell ënnerstëtzen.

*Dir kënnt ären Don bei ärer nächster Steiererklärung ofsetzen.

Banque de Luxembourg

LU82 0080 3062 1330 2001

Bic/Swift: BLUXLULL

Villmools Merci

Kontakt

Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.

RGPD